Rapport vun der Reunioun ADIL-SNCSE vum 3. Mäerz 2023

Present ADIL: Claude Christnach, Karima Aouadi, Laure Becca, Caryse  
Hubert, Jeff Kohnen

Present SNCSE: Alex Kockhans, Marco Suman

Themen, déi ugeschwat goufen:

– Volume vun der Aarbecht a vun der Verantwortung vun den Direktiounen;

– Statut vun den Direktiounsmember (Administratioun vs. Enseignement);

– Système de gestion de temps / CET;

– CODIR;

– Formation initiale / continue fir d’Direktiounen, School of Leadership;

– Situatioun vun den Directeurs adjoints;

– Méiglech gemeinsam syndikalistesch Aktiounen.

Gemeinsamkeete gesinn déi zwee Kommitee bei(m):

– Refus vun der « administrativer » Funktioun/Carrière/Statut;

– Refus vun engem zousätzlechen « Système de gestion de temps » (Bsp.  
Interflex);

– der Aféierung/Comptabilisatioun vum CET via SCOLARIA/UNTIS fir  
d’Direktiounsmember;

– der Acceptanz vun enger méiglecher « School of Leadership » (Formation  
initiale a continue vun den Direktiounsmember);

– der Skepsis/Onzefriddenheet vis-à-vis vun enger unilateraler Ofschafung vun der CODIR Decharge an d’Aféierung vun  
enger Primm an Verbindung mat de Formatioune vun den Direktiounsmember.

D’ADIL an den SNCSE froen een RDV beim Minister. 


Une réflexion sur “Rapport vun der Reunioun ADIL-SNCSE vum 3. Mäerz 2023

Répondre à Schmit Lea Annuler la réponse.