De Comité vum SNCSE vertrueden duerch den Alex Kockhans, Marco Suman, Francoise Welbes a Jean-Paul Welter huet sech de 5. Oktober mam Lex Folscheid, Francine Vanolst a Laurent Dura am MENJE getraff.
Et gouf Folgendes festgehalen:
Onofhängeg vun der neier Regierungsbildung ginn d’Karriäre vun den Direkter a vun de bäigeuerdenten Direkter regulariséiert. An Zukunft kommen all d’Adjoints vun Ufanks uns an de Grade 16 (E7ter) klasséiert an dëst onofhängeg vum Ausgangsgrupp (A2/A1) a vun der Formatioun (Bachelor/Master). De « Grade de computation de la bonification d’ancienneté » soll fir déi béid Karriären ugepasst ginn. Dëst soll da bei all nei Nominatioun resp. Erneierung vum Mandat gekuckt ginn.
All aner Punkte sollen dann zu engem spéideren Zäitpunkt (no der Regierungsbildung) traitéiert ginn. Dorënner fallen:
Décharge CoDir ;
Limitatioun vun den Adjointsposten an Aféiere vun Attachéë.
Detailer gëtt et dann op eiser AG.
Save the Date: Dënschdes de 7.November ass Assemblée Générale (19h00)!