Rapport vun der Entrevue  CGFP-SNCSE vum 23 Januar 2023

CGFP: Steve Heiliger, Claude Heiser, Patrick Remackel

SNCSE: Jessica Casanova, Patrick Hansen, Françoise Welbes, Jean-Paul Welter, Marco Suman

An der Reunioun sinn d’Punkten, wéi se an eiser AG vum 22 September 2022 ofgestëmmt gi sinn, diskutéiert ginn (www.SNCSE.lu). Éischte Constat: Mir sinn bis haut ouni Äntwert bliwwen. 

Fir an dëse Punkte weider ze kommen, a vu datt eng Réi Iwwerschneidunge mat de Kolleegen aus dem ES bestinn, ass beschloss ginn, datt d’Comitéë vun der ADIL a vum SNCSE sollen zesumme komme fir hir Aktiounen ofzestëmmen. D’CGFP géif eis an eisen Demarchë ënnerstëtzen.

@Décharge « COVID »: D’Gestioun vun den « Déchargen » fir Direktioune am Gestiounsoutil SCOLARIA muss per Analogie zum Système UNTIS am ES ugepasst ginn. Et muss do kee weideren Outil/Système de Gestion de temps fir d’Direktiounsmemberen agefouert ginn. Eis Revendicatiounen änneren sech do net.

@Décharge « CODIR »: Héi besteet kee Besoin fir d’Décharge « CODIR » durch ee Primesystem ze ersetzen.

@Carrière vum bäigeuerdenten Direkter: Och hei misst ee mat der ADIL (« directeur adjoint – voie de préparation) Synergië siche fir den Dossier novir ze bréngen.

@Voiture de fonction: D’CGFP léisst dëst juristesch préiwen, wéi et an aner Administratiounen ass, respektiv wat d’Critère si fir eng Voiture de service.

@Prime « Fonction dirigeante »: D’CGFP ënnerstëtzt eis Fuerderung, datt dëst Primm och ëm 5 Punkte gehéicht gëtt (25->30). Si huelen dëst mat bei d’Regierung.

Fir bei aner Punkte virunzekommen, ass entscheet gi mat Comité vum SNE zesummen ze kommen. Punkten, déi do klingen diskutiert gi wieren folgend :

– Limitatioun vun der Unzuel vun den Direktiounsmemberen pro Regioun ;

– Oflaf vun den « Entretiens collectifs annuels »;

– Prozedur fir PTI’en.  


Laisser un commentaire