Rapport Entrevue Ministre Marc Hansen (13.12.2019)

Rapport vun der Entrevue mam Minister Marc Hansen vum 13. Dezember 2019

Present waren: Cathy Campos, Jean-Paul Welter, Marco Suman

Themen, déi ugeschwat goufen:

  1. Changement de groupe de traitement (carrière ouverte, « voieexpresse ») pour directeurs adjoints (A2->A1)
  2. CET
  3. Tâche des agents de l’ESEB
  4. Collaboration « Fonction publique » – « SNCSE » 

@1: Déi verschidde Mechanisme si « à la Base » net fir d’Fonctions dirigeantes geplangt. Déi 6 Kandidaten an der « voieexpresse » sinn am Prinzip « Ausnamen ». De Minister Hansen wëll datt awer mat sengem Homolog an der Educatioun beschwätzen.

@2: CET gëllt fir all Fonctionnairen.

@3: Tâchë ginn iwwert den « Statut général » vum Fonctionnaire gereegelt, ausser si géifen an aner Gesetzer aneschters definéiert (Enseignanten, Educateure mat hirer 44h/Woch,…).

@4: Den Här Hansen proposéiert, datt mir eis fir all Fro zum Statut direkt un d’Fonction publique solle wennen. Hien préift och d’Méiglechkeet, d’Direkter erëm an den « Reseau Ressources humaines » vun der Fonction publique eranzehuelen.

Addendum @1: D’Françoise Welbes proposéiert, datt mir sollen ee Courrier un déi zwee Minister maachen, fir op d’Situatioun vun den Adjoints anzegoen a fir eng Léisung ze fuerderen.

Marco Suman

 

 


Laisser un commentaire